One-Man-Stand-Up-Komete-Show : Op Kollisiounskurs

One-Man-Stand-Up-Komete-Show : Op Kollisiounskurs

Op Kollisiounskurs - Eng intragallaktesch an extraterrestresch One-Man-Stand-Up-Komete-Show; Spill : Claude Faber - Text : Roland Meyer

By Musée national d'histoire naturelle Luxembourg

Date and time

Friday, May 24 · 7:30 - 9pm CEST

Location

Musée national d'histoire naturelle Luxembourg - 'natur musée'

25 Rue Münster 2160 Luxembourg Luxembourg

About this event

  • 1 hour 30 minutes

Stand-up Comedy

5 € ze bezuelen op der Plaz

19:30 - 21:00

LU

Alter 14+

Umeldung erfuerdert


Op Kollisiounskurs - Eng intragallaktesch an extraterrestresch One-Man-Stand-Up-Komete-Show

Wat géift Dir maachen, wann een Asteroid mat eiser gudder aler Äerd kollidéiert an an net manner wéi enger Woch esou zimmlech all d’Liewen dorop ausläscht? Nach séier mam Hond gassi goen? Well och an esou Fäll bleift Dir Äre Gewunnegten trei. Nach eng leschte Kéier bei de Coiffer? Dir wëllt schliisslech gutt ausgesinn bei esou engem once-in-a-lifetime-event. Eng ültim Croisière op de Nordkap, ee leschten Tango zu Paräis oder nach séier een exklusive Flug mat SpaceX an den Weltall buchen, fir deem Spektakel mat beschter Vue bäizewunnen?

Hutt Dir schonns eng Kéier mat dem Gedanke gespillt, an de Weltall ze investéieren? New Space a Space Mining huet net nëmmen de Major Etienne gäil fonnt. Dat butzeg-klengt Lëtzebuerg als Virreider an dier grousser Wild-West-Space-Show, Reegele gëtt et zwar keng, dofir iewer eng Hellewull Goldgriewer a Glécksritter.

An enger exorbitanter One-Man-Comedy-Space-Odyssey ginn de Claude Faber an de Roland Meyer dësen an nach villen anere Froen op de Grond a befannen sech esou méi séier wéi si domat gerechent haten op Kollisiounskurs mat Politik, Ethik a Physik an och mat deem, wat gemengerhand fir de gesonde Mënscheverstand gehale gëtt.

Spill : Claude Faber - Text : Roland Meyer


Organized by

Science & culture, collections & education at the National Museum of Natural History in Luxembourg