Stand-up Comedy
5 € ze bezuelen op der Plaz
19:30 - 21:00
LU
Alter 14+
Umeldung erfuerdert
Op Kollisiounskurs - Eng intragalaktesch an extraterrestresch One-Man-Stand-Up-Komete-Show
Wat géift Dir maachen, wann een Asteroid mat eiser gudder aler Äerd kollidéiert an an net manner wéi enger Woch esou zimmlech all d’Liewen dorop ausläscht? Nach séier mam Hond gassi goen? Well och an esou Fäll bleift Dir Äre Gewunnegten trei. Nach eng leschte Kéier bei de Coiffer? Dir wëllt schliisslech gutt ausgesi bei esou engem once-in-a-lifetime-event. Eng ültim Croisière op den Nordkap, ee leschten Tango zu Paräis oder nach séier een exklusive Fluch mat SpaceX an de Weltall buchen, fir deem Spektakel mat beschter Vue bäizewunnen?
Hutt Dir schonns eng Kéier mat dem Gedanke gespillt, an de Weltall ze investéieren? New Space a Space Mining huet net nëmmen de Major Etienne gäil fonnt. Dat butzeg-klengt Lëtzebuerg als Virreider an där grousser Wild-West-Space-Show, Reegele gëtt et zwar keng, dofir awer eng Hellewull Goldgriewer a Glécksritter.
An enger exorbitanter One-Man-Comedy-Space-Odyssey ginn de Claude Faber an de Roland Meyer dësen an nach villen anere Froen op de Grond a befanne sech esou méi séier wéi si domat gerechent haten op Kollisiounskurs mat Politik, Ethik a Physik an och mat deem, wat gemengerhand fir de gesonde Mënscheverstand gehale gëtt.
Spill : Claude Faber - Text : Roland Meyer