ErwuesseBildung asbl

D’ErwuesseBildung ass eng Plaz, déi sech der Bildung vum Mënsch widmet. Bildung mengt hei d’Entwécklung vum Mënsch a senger Persoun, déi eng individuell a perséinlech ass, mee och aus der kultureller a pedagogescher Perspektiv verstane gëtt. Mir gesinn eis als eng Begleedung bei dësem Prozess an deem de Mënsch a sengem Liewe gestaltend gi kann. De kreativen an autonomen, och kritesche Geescht ass deen, dee mat sech selwer a sengem Ëmfeld responsabel an nohalteg ëmgeet.

Sech orientéieren heescht de Choix ze hunn an dat ëmschléisst och d’Wëssen ëm di eegen Entscheedung. An deem Sënn stellt d’ErwuesseBildung de Raum, wou souwuel Zäit fir sech selwer ass, fir Neies ze entdecken a selwer an d’Gestaltung mat sech an aneren ze kommen. Eis Offer stellt heifir villfälteg Zougäng hier: Duerch all Dier kann ee goen an et gelaangt een zum Mëttelpunkt, zum Liewen – zum Liewen als Persoun, als Deel vun der Gesellschaft an der Äerd.

De Standpunkt vun der ErwuesseBildung bleift ouni thematesch Hierarchie. D’Perspektive kënne kulturell, kreativ, spirituell, reliéis, philosophesch oder wëssenschaftlech sinn, si stellen ëmmer eng Orientéierung am grousse Ganzen, am Liewen duer. Mir bidden nieft eisen traditionelle Programmpunkter och nei Aktivitéiten un: vun engem ganzen Zyklus zu Tabuthemen, iwwer Outdooraktivitéiten, meditatiivt Zeechne bis hin zu Konferenzen zu deene grousse Liewensfroen an nach vill méi.

Events