Hauptnavigation überspringen
Eventbrite
Events durchsuchen
Organisieren
Hilfe
AnmeldenRegistrieren
Menü
Seiteninhalt
Dieses Event ist beendet.
MILLROCK FESTIVAL

Juli

02

MILLROCK FESTIVAL

von Club des Jeunes Eechternoach

Bereich für Aktionen und Details

Verkauf beendet

Datum und Uhrzeit

Sa., 02.07.2022, 18:00 Uhr –

So., 03.07.2022, 03:00 Uhr MESZ

Veranstaltungsort

Moulin de Consdorf

Moulin de Consdorf

6211 Consdorf

Luxembourg

Karte anzeigen

Rückerstattungsrichtlinie

Musek, Béier, Party Den 2. Juli 2022 fënnt déi éischt Editioun vum Millrock Festival op der Konsdrëffer Millen statt.

Zu diesem Event

Et erwaart iech en eenzegaartege musikalesche Programm mat Lëtzebuerger Kultbands aus dem Rockberäich. De Festival verbënnt musikalesch Generatiounen op engem aussergewéinleche Site, ëmgi vun enger eenzegaarteger Kuliss am schéine Mëllerdall.

Den Optakt mëscht keen anere wéi d’Kultfigur aus dem Norden, de Pascal vu Wooltz.

Den Éisleker Folk-Punk Museker ass keen onbeschriwwent Blat an der nationaler Musekszeen. Iwwer 500 Bühnenoptrëtter huet de Pascal um Kont stoen an huet dobäi souwuel mat senger fréierer Band wéi och als Solist, d’Bühnen zu Lëtzebuerg an am Ausland zum rocke bruecht. 2018 war hien zwou Wochen a Kanada ënnerwee fir d’Leit mat senger Musek ze begeeschteren.

Cool Feet a kale Béier ass de Motto wann et drëms geet fir musikalesch Generatiounen ze verbannen.

D’Rockurgesteinsformatioun Cool Feet ass déi erfollegräichst Rockband zu Lëtzebuerg an ass säit hirem Comeback 2018 rëm op de Lëtzebuerger Bühnen sou populär wéi wann se ni opgehalen hätten. D‘Band huet 120.000 Albe verkaf a wäert d‘Konsdrëffer Millerad zum dréie bréngen an de Leit alles aneschter wéi „kal Féiss“ hannerloossen. Dëst Joer feiert d‘Band hiren 30 Järege Jubiläum vum erfollegräichsten Album „Bistro“ a geet domat op Summertour uechter d‘Land!

De Millrock Festival ass also deen Treffpunkt fir Jonk an Al dëse Summer, fir mat der Band zesummen dëse Jubiläum ze rocken!

„T’ass Party an der Stad“ ass ee vu ville Lidder wat d‘Leit zum Danze bréngt wann Schëppe Siwen op der Bühn Gas ginn. Den 2. Juli heescht et awer éischter: „t‘ass Party op der Millen“.

Wa Schëppe Siwen hier éischt Noute spillen, da wäert et souguer dee leschte Visiteur op d‘Danzpist dreiwe fir d‘Sau raus ze loossen. D‘lëtzebuerger Folk-Rock Band ass op de grousse Lëtzebuerger Festival Bühnen ënnerwee a bréngt et ëmmer rëm fäerdeg eng riese Partystëmmung am Publikum ze verbreeden. D‘Muséker vu Schëppe Siwen sinn eng eenzegaarteg Konstellatioun déi hier Musek mat Leif a Séil liewen. De Stil vun der Band ass en eenzegaartege Mix aus Folk, Rock, Polka, Reggae, Punk an Ska.

Mat hiren iwwerzeegende Bühnenoptrëtter sinn si mëttlerweil och op auslännesche Festivals ënnerwee.

No den Optrëtter vun de Live Bands dréit net nëmmen d‘Millerad op Héichtoure mee och d‘Plackentellere vum renomméierte Lëtzebuerger DJ dr.gonZo. DJ säit 1989, huet de legendären dr. gonZo als Resident am Flying Dutchman(Beefort) & e-Lake festival (Iechternach) sech am ganze Lëtzebuerger Nuetsliewen e Numm gemaach. Seng DJ Sets gi vu Rock iwwer Reggae bis hin zu Ska, Soul, Punk, Techno an nach ganz vill aner Stiler.

De Kult DJ fënnt fir all Public déi passend Placken an dat mat 100%eger Danzgarantie.

Dëse Festival ass eng Zesummenaarbecht tëscht dem Club des Jeunes Iechternach an der Echternacher Brauerei.

MILLROCK FESTIVAL: Bild
Event abgeschlossen

MILLROCK FESTIVAL


Folgen Sie diesem Veranstalter, um über zukünftige Events informiert zu werden

Club des Jeunes Eechternoach

Event erstellt von

Events, die Ihnen gefallen könnten

  • Crow Field Festival

    Crow Field Festival
    Crow Field Festival

    Sa., Aug. 20, 15:00
    REMERSCHEN beim Waassertuerm • Remerschen
    15 €
  • Info-Owend Sproochentwécklung (LU)

    Info-Owend Sproochentwécklung (LU)
    Info-Owend Sproochentwécklung (LU)

    Mi., Aug. 31, 17:00
    Service Audiophonologique • Luxembourg
    Kostenlos
  • FaRK - Fantasy und Rollenspiel Konvent

    FaRK - Fantasy und Rollenspiel Konvent
    FaRK - Fantasy und Rollenspiel Konvent

    Fr., Sep. 9, 17:00
    Strandbad Losheim am See • Losheim am See
    6,51 € - 49,13 €
  • Camp d'été - 2022 - aMAZEing

    Camp d'été - 2022 - aMAZEing
    Camp d'été - 2022 - aMAZEing

    Mo., Sep. 5, 09:00
    Forum Geesseknäppchen • Luxembourg
    85 € - 295 €
  • Summer camp - 2022 - Robotique

    Summer camp - 2022 - Robotique
    Summer camp - 2022 - Robotique

    Mo., Sep. 5, 14:00
    Forum Geesseknäppchen • Luxembourg
    135 € - 150 €
  • Summercamp - 2022 - Robotik

    Summercamp - 2022 - Robotik
    Summercamp - 2022 - Robotik

    Mo., Sep. 5, 14:00
    Forum Geesseknäppchen • Luxembourg
    135 € - 150 €
  • Marché des Entrepreneurs Locaux

    Marché des Entrepreneurs Locaux
    Marché des Entrepreneurs Locaux

    Sa., Okt. 8, 11:00
    141 Val Ste. Croix • Luxembourg
    Kostenlos
  • Expo:Sciences 2022

    Expo:Sciences 2022
    Expo:Sciences 2022

    Sa., Okt. 8, 14:00
    Forum Geesseknäppchen • Luxembourg
    Kostenlos
  • Summer camp - 2022 - Introduction to computer coding and logical thinking

    Summer camp - 2022 - Introduction to computer coding and logical thinking
    Summer camp - 2022 - Introduction to computer coding and logical thinking

    Mo., Sep. 5, 14:00
    Forum Geesseknäppchen • Luxembourg
    135 € - 150 €
  • Camp d'été - 2022 - Initiation au codage informatique

    Camp d'été - 2022 - Initiation au codage informatique
    Camp d'été - 2022 - Initiation au codage informatique

    Mo., Sep. 5, 09:00
    Forum Geesseknäppchen • Luxembourg
    85 € - 295 €

Seitennavigation

Eventbrite verwenden

  • Funktionen
  • Preise
  • Community-Richtlinien

Events planen

  • Online Event Registrierung
  • Tickets Online Verkaufen
  • Online-Eventverwaltung

Nach Events suchen

  • Events durchsuchen - Consdorf
  • Sichern Sie sich die Eventbrite-App

Mit uns verbinden

  • Dieses Event melden
  • Hilfe-Center
  • Nutzungsbedingungen
  • Datenschutz
  • Barrierefreiheit
  • Community-Richtlinien
Eventbrite + Ticketfly

© 2022 Eventbrite