Info-Owend: Smart Home an Energie-Monitoring

Aktionenbedienfeld

Info-Owend: Smart Home an Energie-Monitoring

Wéi kann een de Stroum- oder Waasserverbrauch moossen? Wéi vill kascht en Tour an der Wäschmaschinn?

Von ErwuesseBildung asbl

Zeit und Ort

Datum und Uhrzeit

Mi., 7. Juni 2023 18:00 - 20:00 CEST

Veranstaltungsort

ErwuesseBildung 5 Avenue Marie-Thérèse 2132 Luxembourg Luxembourg

Zu diesem Event

Réischt wann een e Gefill huet, wou Energie benotzt gëtt, kann ee wëssen wou et Sënn mécht, ze spueren. Mir kucken, wéi Smart Home funktionéiert, a wéi et eis hëllefe kann, de Konsum ze moossen a bildlech duerzestellen. Sou kënne mer eise Bedarf iwwerdenken an de Solarstroum optimal notzen.

Iwwerdeems kann Automatisatioun hëllefen, Ressourcen ze spueren. Dofir brauch ee keng sophisitiquéiert Informatik-Kenntnesser, just e puer Grondlagen. Et ginn fäerdeg Geräter, déi engem dat ofhuelen, an déi awer horrend deier sinn. Alternativen am Do-it-Yourself sinn awer do: Den Olivier Koos an de Lynn Bayer sinn säit enger gudder Zäit passionéiert am Thema Smart Home an Home Assistant amgaang an hunn eeneges u Wëssen ugesammelt - dat si gären op dësem Info-Owend weiderginn. Wéi kann ech mäin Auto just mat Solarstroum lueden? Wéini gëtt et am bëllegsten, d'Spullmaschinn lafen ze loossen?

Si weise praktesch, wéi dës Systemer funktionéieren a stelle sech gären mat Iech weider Froen.‍

Dësen Info-Owend ass an der Serie Info-Owender zum Thema Nohaltegkeet an Naturverbonnenheet; ënnert anerem als Uschloss un d'Thema Solarenergie an Energiespäicher an och am Virfeld vum Owend zu Low- an Energy-Architektur (21.6.).

- - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - -

Umeldung an Info: info@ewb.lu

Mam: Olivier Koos a Lynn Bayer

Sprooch: Lëtzebuergesch an Däitsch

Entrée: Gratis, mir stellen eis Dons-Këscht op

Über den Veranstalter

Veranstaltet von
ErwuesseBildung asbl

D’ErwuesseBildung ass eng Plaz, déi sech der Bildung vum Mënsch widmet.